Kultur- A Buergfrënn Useldeng

14/05/2018

D’Useldenger Buerg biergt eng spannend Geschicht voller Seeërcher, déi sech ëm dës mystesch Platz am Zentrum vun Useldeng spannen. Ronderëm d’Schlass, am Tuerm an am Beräich vun der Buerg ass 2008 ënnert der Schiermherrschaft vun der UNESCO ee Kulturwee fir sehbehënnert Persounen entstanen. Interesséiert Touristen aus dem In- an Ausland kënnen eng guidéiert Visitt beim ORT Guttland ufroen an sech vu passionéierte Guiden an d’Mëttelalter zeréckversetze loossen.

D’Buergfrënn  Useldeng hunn sech am Joer 2011 gegrënnt fir d’Gestioun vun der Buerg z’assuréieren. Donieft setzen d’Memberen sech dofir an fir déi  historesch Geschicht ronderëm d’Buerg an d’Gemeng opzeschaffen an ze konservéieren. Dëst Joer sinn si mat der Kulturkommissioun vun der Gemeng Useldeng fusionéiert an d’Vereenegung Kultur a Buergfrënn Useldeng huet sech gegrënnt. Dës erweidert Associatioun këmmert sech em den Erhalt an d’Promotioun vun der Useldenger Buerg an organiséiert Kulturevenementer  ronderëm  Useldeng an doriwwer eraus. D’Memberen vun der Vereenegung setzen sech aktiv fir eng lieweg Kultur an der Gemeng Useldeng an.

D’Kultur- a Buergfrënn Useldeng setzen sech an, fir de geschichtlechen a kulturellen Patrimoine vun Useldeng ze erhalen an ze promovéieren. Niewent der Animatioun an der  Vermaartung vun der  Useldenger Buerg, gehéiert d’Gestioun an d’Promotioun vum Site vun der aler  Useldenger Millen „Manukultura” zu den Aktivitéiten vun der a.s.b.l.. An der fréierer Dieschbourg’s Millen ginn vill flott Coursen a kulturell Aktivitéiten ofgehalen; vu Keramik-Workshoppen iwwert Mol- an Theater-Coursen bis hin zu Jazz-Owender.

Niewent dëse Coursen, organiséiert d’Vereenegung op kulturellem Niveau d’COMMUNE-ART-Ausstellung, bei där regional Acteuren hier Konscht ausstellen, a pädagogesch Projeten. Een Highlight am Joreskalenner ass och de Chrëschtmaart op der Buerg, den am Dezember stattfënnt. Zu dëser Zäit verwandelt sech d’Buerg an ee Wantermäerchen-Land, dat all Joer méi Visiteuren unzitt.

De kulturelle Programm, deen all Joer op d’Been gesat gëtt, ass ofwiesslungsräich a  soll Publikum vun all Alter uspriechen.

Romain Kleer

De President vun de Kultur- a Buergfrënn a.s.b.l., den  Useldenger Romain Kleer, ass frou déi dräi  Piliere vun der Buerg, der Manukultura an der Kultur an enger Associatioun vereenegt ze hunn.

Wat sinn d’Virdeeler vun der Fusioun vun der Kulturkommissioun an den Useldenger Buergfrënn?

Duerch d’Fusioun vun deene verschiddenen Interessengebitter bestinn néi Méiglechkeeten fir d’Gemeng  Useldeng am kulturelle Beräich. A ville Käpp ass méi wéi an engem.

Wat ass Är Motivatioun fir Iech fir den Erhalt vum kulturellen an geschichtlechen Patrimoine an der Gemeng Useldeng anzesetzen?

Geschicht huet mech nach ëmmer interesséiert a fir mech gehéiert Geschicht a Kultur zesummen, well dat eent dat anert ergänzt.

Fir weider Informatiounen oder Umeldunge fir Manukultura-Coursen kontaktéiert: manukultura@useldeng.lu 

T +352 23 63 00 51-28

 Heures d'ouverture: 10h-12h & 13h-17h