Experiment: Solar-Ravi

11/01/2023

Wat ass ee Solar-Ravi? Et handelt sech ëm ee Schaf mat engem Frigo, deen un eng Batterie ugeschloss ass, déi vun engem Solarmodul hier Energie kritt. De Solar-Ravi hänkt also net um Stroumnetz.

Am Solar-Ravi leie Gedrénks (Limonade, Jus a Waasser) a Snacke fir de Verkaf bereet. De Prinzip baséiert op d’ Éierlechkeet a mir hoffen, dass sech all Mënsch un d’Spillreegelen hält. Dëst ass een Experiment a wann et funktionnéiert, kënnen nach weider Solar-Ravie bäikommen.

De Solar-Ravi funktionéiert mat Cash (Euro oder Beki) a mat Payconiq.

Eist Naturschutzgesetz schreift vir, dass de Solar- Ravi net däerf an der Gréngzone stoen. No engem éischte Stopp zu Useldeng hannert der Kanoun, ass de Schaf op Näerden vàv vun der Gare gereest. Iwwert de Wanter wäert de Solar- Ravi awer erageholl ginn.

Mir hoffen, dass dëse Solar-Ravi Iech nach méi Loscht gëtt fir ze Fouss oder um Vëlo ënnerwee ze sinn. Wat ass an dëser hektescher Zäit besser fir ee fräie Kapp ze kréie wéi Beweegung an der Natur? An duerno ass eng kléng Stäerkung aus dem Solar-Ravi genau dat richtegt!

De Solar-Ravi gouf am Kader vun engem Leader - Projet zesumme mat Proffen a Schüler aus dem ALR gebaut. Mir soen hinnen ee grousse Merci fir hier vill Aarbecht a Motivatioun.

Een décke Merci geet och un d’Gemengen, déi gewëllt sinn, dem Solar-Ravi een Doheem ze ginn.


Syndicat Intercommunal Kanton Réiden
11, Grand-Rue
L-8510 Redange/Attert
T 28 334-040
mobil@kanton-reiden.lu
www.kanton-reiden.lu