Zäitgeméis - Dat solidarescht Geméis vun der Atert

08/11/2019

Bestëllt elo ärt Liiblingsgeméis fir d’Saison 2020

Am Zäitalter vu Klima- an Ëmweltschutz si MIR Konsumenten an Produzente gefuerdert ze handelen. D’Kooperativ Vun der Atert geet mat der Zäit an handelt ...mat Zäitgeméis!

Zäitgeméis, den ökoagrologesche Projet vun der Kooperativ Vun der Atert, steet fir eng zäitgeméiss Form vu fairem a regionalen Handel am natierleche Geméisbau, solidaresch, ouni chemesch Hëllefsmëttel a Verpackungen, mat kuerzen Transportweeër, an dat zu korrekten an transparente Präisser. E riicht sech u Privatleit, Restaurateuren & grouss Kichen.

Wéi funktionnéiert dat?

Besicht www.vunderatert.lu, Rubrik Zäitgeméis afëllt den Online-Formulaire aus. Wielt äert Wonschgeméis an Uebst aus, d’Quantitéiten, esou wéi och den Liwwerzäitpunkt, sief et regelméisseg, oder och eemoleg. Duerno kri Dir via Mail eng Confirmatioun fir d’Commande esou wéi och d’Conditions de Paiement. Eng Woch virun der Rekolt kri Dir eng Mail fir Iech drun z’erënneren äere Wonschkuerf bei d’Kooperativ Vun der Atert zu Biekerich sichen ze kommen.

    Conditions de paiement

    Zäitgeméis funktionéiert nit do Regele vum glo-bale Maart a schwankende Maartpräisser, mee op enger finanzieller „solidarescher” Grondlag. De Client gëtt éischter e Partner, a bezillt seng Wuer och nit op de kg, mais fir d’Aarbecht, déi geleescht gouf, dëst an Tranchen:

    • En Acompte vu 50% bei der Bestellung am Wanter
    • En Acompte vu 25% am Fréijoer
    • De Rescht eng Woch virun der Liwwerung

    Garantie & Risiko

    Beim Kulturplang gesäit d’Kooperativ Vun der Atert 10-20% méi vir, par Rapport zu enger normaler Rekolt. Dës Marge deckt de Risiko vun eventuelle Schied (Wiederaflëss, Mais, ...). De Partner engagéiert sech d’Geméis integral unzehuelen, esou wéi et de Gaart verléisst an hëlt och eventuell Perten an der Rekolt a Kaf. Dofir profitéiert en awer och vun eventuellem Iwwerschoss.

    Fir dat d’Rechnung fir béid Partner opgeet, wiisst d’Zäitgeméis a Mëschkulturen op klenge Flächen. Duerch professionell Planung & Know-How ginn hei all Kéiers 2 harmonesch Kulturen zesummegedoen an engem Beet fir eng effizient Koexistenz.

    Zäitgeméis kritt 2022 de Biolabel an ass aktuell am éischte Joer vun der Prozedur. Geschafft gëtt mat alternativen Ubaumethoden fir eng ökologesch a klimagerecht Landbewirtschaftung.

     

    Vun der Atert s.c.
    6, Jos Seylerstrooss
    L-8522 Biekerech
    vunderatert@gmail.com
    www.vunderatert.lu