Online shoppen - Nohalteg, Fair & Sozial! www.gringgo.lu

08/11/2019

Um Site fënnt een eng Selektioun vu Gringgo iwwerpréifte Produiten a Betriber aus dem Westen, déi eng ëmweltfrëndlech an transparent Betribsphilosophie vertrieden. Dëst erkennt een als Konsument un de gesammelten Informatiounen & kontrolléierte Labele ronderëm de Produit, esou wéi och um Gringgo-Stäresystem, deen nohalteg a sozial Betriber auszeechent.

Gringgo.lu riicht sech un all Konsument, dee Wäert drop leet ze wëssen:

  • wou de Betrib, de Produit oder d’Déngschtleeschtung hierkënnt
  • op fair gehandelt gëtt
  • op sozial Aarbechtsbedingunge respektéiert ginn
  • op d’Nohaltegkeet

Konditioune fir als Verkeefer matzemaache sinn:

  • mindestens zwee Gringgo Stären hunn (vun insgesamt fënnef Stären)
  • de Sëtz, e Buttek oder eng Filial vu sengem Betrib/senger Organisatioun/sengem Veräin an der Regioun Atert-Wark oder an enger vun den ugrenzende Gemengen hunn
  • d’Wäerter vun der Kooperativ, déi an de Statute festgeluecht sinn, ze respektéieren

De Numm Gringgo steet fir go for green=gring. D’Zil ass et de Pionéier aus dem Westen am Beräich Nohaltegkeet, an däeren Offer, eng vereente Visibilitéit op dësem Site ze ginn. Heivu kann de Konsument profitéieren, andeems en onbedenklech Produiten an Déngschtleeschtunge fënnt, déi vun den „alen Huesen” als gringgo-fit validéiert gi sinn.

Aktuell si 15 Betriber um Site, evaluéiert duerch max. 5 Gringgo Stären:

  • Soziaalt Engagement
  • Ökologesch & ethesch Offer
  • Ëmweltfrëndlech Betribsféierung
  • Stäerkung vun der Regioun
  • Beki

Um Site si Produiten an d’Déngschtleeschtungen am Respekt viru

Mënsch

Sozial Produktioun, solidaresch, fair Präisser, fair gehandelt, gesond, transparent, ...

Natur

Biologesch ugebaut, ëmweltgerecht, ressourcëschounend, energieeffizient, spuersam, recycléierbar, fäeg ze reparéieren, regional, ...

& Déier

Déiererecht Haltung, fräi vu Versich un Déieren, ...

Hei orientéiert sech Gringgo un existéierende Labelen, déi op hir Seriositéit iwwerpréift goufen.


Gringgo
6, Jos Seyler Strooss
L-8522 Beckerich
T +352 671 025 650
info@gringgo.lu
www. gringgo.lu