D'Kooperativ Vun der Atert

07/04/2019

Mir hunn eis et zum Zil gesat, fir an eiser Regioun un eng gesond Liewensmëttelautonomie erunzekommen. Dat geet andeems mir de Krees vun engagéierten a bewosste Konsumenten sou grouss wéi méiglech kréien. Dat geet wa mir eis Kafkraaft bündelen!

Wa mir als Konsumente beweisen, dat mir bereet si Verantwortung z’iwwerhuelen, da geet de Bauer an oder de Liewensmëttelproduzent och mat op de Wee a kann dem Weltmaart esou de Réck dréinen a sech eise Wënsch upassen! Dëse Wandel bréngt mat sech, dat mir

  • an eiser Regioun fairen an transparenten Handel fërderen
  • Aarbechtsplaze schafen, resp. Erhalten
  • no eise Kritäre bei eis Liewensmëttel produzéiere loosse kënnen
  • dem Zil vum Zero Waste an Zero CO2Emissiounen méi no kommen

Zanter der Grënnung am Abrëll 2016 huet d’Kooperativ Vun der Atert déi gesammelt Suen iwwert Parte sënnvoll agesat, an duerch d’Energie vu ville Benevolle sinn eng Partie Projeten ëmgesat an ugestouss ginn:

2017

  • Start Testphase Projet Gaart-à-vous
  • Acquisitioun semi-professionell Vizerei
  • Accord Leader Projet Solidaresch Landwirtschaft

2018

  • Offizielle Start Projet Gaart-à-vous mam solidareschen Uebst-a Geméiskuerf
  • Astelle vun engem Geméisgäertner
  • Start Vizerei Vun der Atert
  • Depot vum Dossier Mobilt Schluechthaus um Ministère
  • Emsetzung vum ausgeschaffte Konzept Solidaresch Landwirtschaft (Leader-Projet) : Solidaresch Abobox Fleesch vun der Atert
  • Astelle vun enger administrativer Hëllef
  • Accord Leader Projet Conserverie Vun der Atert zesumme mat Op der Schock Réiden
  • Accord Partenariat mat der Gemeng Viichten fir Leader Projet „Gemeinschaftsraum fir Hobbyimker“
  • Start Aarbechtsgrupp „Epicerie / Ressourcerie“ Zero Waste Vun der Atert
  • Accord Verhandlungen Terrainen um Nojemerhaff / Mddi / ANF fir Projet> Geméisbau „Cantinen“ an eiser Regioun
  • Neie Member bei solidaresch Landwirtschaft Lëtzebuerg www.solawi.lu
  • Neie Member bei Gringgo www.gringgo.lu

2019

Prioritéiten/Objektiver:

  • Ubau Geméis fir déi éischt Clientë Cantine Vun der Atert um Nojemerhaff
  • Ëmsetzung Epicerie/Ressourcerie Zero Waste Vun der Atert
  • Opbau fix Vizerei / Veraarbechtungsraum fir Liewensmëttel
  • Drock Dossier Mobilt Schluechthaus
  • Lancement éischt Produkter Conserverie Vun der Atert mat Op der Schock
  • Eis Clientèle Fleesch Vun der Atert verduebelen
  • Demande Biolabel op eisen Terrainen
  • Investoren fannen, nei Kooperateure

Vun der Atert on Tour

Mir freeën eis besonnesch iwwert déi vill Demanden déi mir kruten, fir op diversen Evenementer mat engem Stand derbäi ze sinn. Fir 2019 si mir hei unzetreffen:

  • 7.4 Fierkelsmaart Rammerich
  • 6 + 7.4 Bauerenhaff an der Stad
  • 21 + 22.4 Ouschteren am Dall
  • 1.5 Habscht um alternative Maart
  • 8 + 9.6 Koll an Aktioun
  • 17.8 Kollafestival

Conserverie Vun der Atert

D’Kooperativ Vun der Atert huet et sech och zum Zil gesat, fir d’Netzwierk an der Regioun ze stäerken, an eis Projeten esou ze gestalten, dat sou vill wéi méiglech Acteure matabezu ginn, déi schonn am Réidener Kanton aktiv sinn. Een dervun ass Op der Schock. An hirem Atelier Protégé zu Réiden produzéiere Mënsche mat enger geeschteger Behënnerung Käerzen, Keramik an Dekoratiounsobjeten, pestizidfräi Blummen aus der Gäertnerei, an awer och „Nos Délices“, eng Selektioun u Plat’en am Amaachglas ewéi z.B. Ierzebulli, Bouneschlupp, Vol au Vent, Bolognaisezooss, Emincé de Boeuf a Lënsenzopp. Geleeën a Gebeess, Siropen an Ueleger, Esseg, Tapenades & Pestos stinn och op der Lëscht. An hirer Kiche ginn des Leckereien hiergestallt!

Eis gemeinsamt Zil ass et dat d’Kooperativ Vun der Atert an Zukunft d’Matière Première produzéiert, an direkt aus dem Gaart an d’Kiche liwwert vun ODS. Zesumme brénge mir dann eng Gamme eraus, vun eis gezillt, vun ODS weider-veraarbecht an zesumme verkaaft! Eis Produite Vun der Atert made by Op der Schock ginn zu 100% Zero Waste – 100% regional - 100% natierlech! Am Summer starte mir eis Gamme an enger klenger Oplag, an taaschten eis esou un äre Goût erun!

Épicerie Vun der Atert

30 Benevollen, verspreet aus dem ganze Réidener Kanton, sinn am Aarbechtsgrupp Epicerie Vun der Atert engagéiert. Opgedeelt an diversen Themegruppe gi vun hinne sämtlech Donnéeën zesummegesicht fir d’Epicerie/Ressourcerie schëtzeg a logesch ëmzesetzen.

Den 9. Februar hate mir op eiser Facebooksäit folgend Ëmfro gestart:

„jo oder nee zu enger Epicerie/Ressourcerie zu Biekerech, mat gréisstendeels regionale Produiten, ouni Verpackungen, mat Mini-Restauratioun, Zero waste Workshops & Biobakstiffchen, fair trade, transparent & solidaresch?“ Am Ganzen hunn 385 Leit matgestëmmt. D’Resultat: 97% dofir an 3% dergéint! Dat huet eis natierlech motivéiert fir Gas ze ginn. Natierlech ass dëse Projet mat engem grousse Käschtenopwand & Logistik verbonnen. Aktuell gëtt äifreg um Businessplang geschafft.

Plaz ass op alle Fall schon dofir fonnt ginn, e Coup de Coeur souzesoen: de Projet RECUP3, wou zu Biekerech bei der Sportshal, an der Gewerbezone, aus ale Schëffscontainer en Ökovillage entstoe soll. Mir hu scho mol Plaz reservéiert fir eis Epicerie a fir eis Vizerei...

Vizerei Vun der Atert oder Gemeinschaftsraum fir nohalteg Liewensmëttelproduktioun

Mir sinn eis bewosst, dat mir fir 2019 nit esou vill Jus presse wäerten ewéi déi läscht Saison! Wat waren Äppel, Biren & Quidden do – e Genoss... De Viz war apaart gutt ginn! Dankbar ware mir och, dat d’Gemeng Biekerech eis eng Garage zur Verfügung gestallt hat, wou mir gratis ënner Daach koumen. Op dëser Plaz dem Schäffen- a Gemengerot vu Biekerech nach emol e grousse Merci gesot. Geplangt ass fir eis Vizerei um Site RECUP3 a Container z’installéieren. Well mir awer nëmme wärend 2 Méint do ak-tiv sinn, awer 12 Méint Loyer ze bezuelen hunn, koum d’Iddi op, fir d’Raimlechkeeten esou ze gestalten, dat een do an den hygieneschen Norme kann aner Liewensmëttel weiderverschaffen – ideal also dëse Raum ze deelen a punktuell ze verlounen! Wat a wien kéim do a Fro?

„Regionale Raum fir Hobbybeienziichter“

D‘Gemeng Viichten zesumme mam Partner Vun der Atert haten den 13. Mäerz déi éischt Informatiounsversammlung, déi gutt besicht war! Deem-no steet näischt am Wee fir gemeinsam e neie Leader Dossier anzereeche mat Titel „Regionale Raum fir Beienziichter“. Hei si Beieberoder, déi den Interessenten hëllefe fir selwer Beien ze halen. De Gedanke war fir deen Zweck e gemeinsame Raum ze gestalte wou geschleidert, agefëllt a gelagert ka ginn.

„Regionale Raum fir nohalteg Liewensmëttelveraarbechtung“

D’Iddi koum op fir dëse Raum ze verloune fir zum Beispill Workshops z’organiséieren: fir ze kachen, ze baken, anzekachen, fir sämtlech Produite ronderëm Zero Waste Lifestyle ze produzéieren ewéi Seefen, Shampoing, Zännseef, Deo, Wäschpolver, .... En géif sech awer och eegene fir wa Privatleit hir eege Liewensmëttel a grousse Quantitéite wëllen akachen!

Fleesch Vun der Atert D’solidaresch Fleeschbox aus dem Réidener Kanton

Aktuell proposéiert d’Kooperativ Vun der Atert 3 verschidde Fleeschboxen, déi een am Virfeld reservéieren a bezuele muss. Gemeinschaftlech als Konsumente maache mir deemno eng „Sammelcommande“ bei de Baueren, an deelen d’Fleesch ënnert eis op. Dofir ass och nit ëmmer dat selwecht an engem Colis dran. Et ass eis wichteg, dat d’Béischt komplett verschafft gëtt, an och ouni Stress hei opwuesse kann, ouni „gepushed“ ze ginn virum Schluechten. Dofir hu mir och nëmme 4x am Joer eng Distributioun. D’Bestellung kann een dann op Réiden an d’Metzlerei Mathieu siche goen. D’Fleesch ass fäerdeg verschnidden, étiquetéiert a verpaakt fir 2 oder 4 Persounen (sous-vide), prett fir ze konsuméieren oder fir an d’Tru.

E Pilotprojet a permanter Entwécklung zesumme mam Konsument

 

Vun der Atert s.c.
6, Jos Seylerstrooss
L-8522 Biekerech
T +352 671 23 62 43
vunderatert@gmail.com
www.vunderatert.lu