TouristInfo Atert-Wark - Virbereedungen fir d’Touristesaison 2019 lafen schonn op Héischtouren

07/02/2019

D’Touristesaison 2018 ass eriwwer an insgesamt 449 heemesch an auslännesch Touriste sinn tëschent Abrëll an Dezember 2018 an den TouristInfo komm, fir sech iwwert d’Regioun Atert-Wark ze informéieren.

De Besoin no Informatiounen an Tipps, fir eng gutt Zäit an der Regioun ze verbréngen, war am Juli an August am gréissten; an dëser Zäit hunn insgesamt 237 Persounen den TouristInfo besicht.

Regioun zitt Koppelen am Alter tëschent 41 a 65 Joer un

Bei den insgesamt 449 Touristen, déi am TouristInfo berode gi sinn, waren d’Hollänner mat 24,3% am stäerkste vertrueden. Mee net nëmmen auslännesch Touristen hunn den TouristInfo besicht, och Lëtzebuerger sinn sech Tipps fir hir Vakanz doheem siche komm (20,2%). Déi am drëttstäerkst vertrueden Nationalitéit waren d’Belsch (16,9%). D’däitsch (9,8%) an d’franséisch Touristen (10,4%) ware plus ou moins gläich vill vertrueden.

Ganz interessant ass och, dat eis Regioun fir Koppelen, déi ouni Kanner Vakanz maachen, am attraktiivsten ass; 40,4% vun de Besicher waren elengreesend Koppelen, vun deenen knapp méi wéi d’Halschent tëschent 41 a 65 Joer al waren.

Nieft Trëppel- a Vëlosweeër, stoungen touristesch Attraktiounen an Aktivitéiten am Zentrum vum Interessi vun den Touristen. Am TouristInfo haten d’Besicher d’Méiglechkeet sech ze inspiréieren an hiren Openthalt ze plangen. Mat der gudder touristescher Offer, déi d’Regioun Atert-Wark ze bidden huet, konnt jidder Tourist eppes fannen, bei deem hien oder hatt eng gutt Zäit verbruecht huet. Vill Touriste ware positiv iwwerrascht, wéi villfälteg an authentesch d’touristesch Offer an der Regioun ass.

D’Regioun Atert-Wark als Slow-Tourismus Regioun

D’Virbereedunge fir d’Touristesaison 2019 lafen op Héichtouren. Iwwerall an der Regioun entsti flott Projet’en, mat deene mir eis Regioun nach méi attraktiv fir den Tourist maache wëllen. Zesumme mam Office Régional du Tourisme Centre/Ouest, dem Réidener Kanton, de Gemengen a villen aneren Acteuren, schaffe mir drun fir de Visiteuren onvergiesslech, authentesch an entschleunegt Momenter bidden ze kënnen. Mat der Investitioun an Iwwernuechtungsméiglechkeeten, gëtt de perfekte Kader kreéiert, fir ee qualitativ héichwäertegen Tourismusser-vice ubidden ze kënnen. D’Hebergement „Péitche Lauer“ mat sengen orginellen „MushRooms“ soll viraussiichtlech am Mee dëst Joer seng Dieren zu Useldeng opmaachen, a weider Hebergement-Projet’en sinn am Gaang ausgeschafft ze ginn

TouristInfo Atert-Wark
1, am Millenhaff
L-8706 Useldange
T +352 23 63 00 51 -28
touristinfo@useldeng.lu