RECUP3 - Eco village Biekerech, am Häerz vum Réidener Kanton

07/02/2019

De Numm Recup3 steet fir:

  • Déi 3 R recycle – reuse – reduce
  • Kubikmeter, stellvertriedend fir Raum, Plaz a Volume
  • Canton de Redange

Um onbebautem Terrain zu Biekerech an der Zone d’Activité, vis-à-vis vun der Sportshal, an tëscht dem Pompjeesgebai an dem Bürosgebei, soll a noer Zukunft de RECUP3 enstoen, en „eko DUERF“ deen op begrenzt Dauer Plaz schaaft fir ze schaffen, ze produzéieren, ze kreeéieren, a fir sech ze begéinen. Pensionnéiert Schëffscontainer gi recuperéiert a nohalteg isoléiert an ekippéiert mat sou vill wéi méiglech Recupmaterial, an am beschte Fall och vun nohaltegen Initiative gelount, an zu gudder Läscht mat Liewe gefëllt.

Wien kéint dat sinn?

Gesicht gi gring, kreativ oder sozial orientéiert Start-ups, Betriber & Veräiner, déi sech hei wëlle lancéieren, a vu gemeinsame Strukture profitéieren.

Wien ass déi dreiwend Kraaft?

De Coworking Space EKODAUL schafft zesumme mat LEADER Atert-Wark um Konzept. No Analyse vun ähnleche Siten am Ausland ass ee Projet besonnesch an d’A gefaasst ginn: De Pop Brixton zu London (www.popbrixton.org). Brixton ass e Cartier am Süde vu London wou e Community Campus aus ale Container opgeriicht gouf. Et gesäit aus wéi e Mini-duerf matzen an der Stadt mat klenge Buttéker, Baren, Iessstänn, Büroen, Atelieren, Eventscheier fir Veranstaltungen, Stockage, ..., déi ee loune kann fir do ze schaffen oder ze verkafen. Eng Visite dohin huet d’Aarbechtsgrupp vumRecup3 lancéiert. Eng weider Visite vum Benu Village Esch (benu.lu) huet eng ganz Parti technesch an organisatoresch Froen beäntfert.

Wou ass de Projet drun?

Aktuell ass de Recup3 an der Planungs-phase. Den Aarbechtsgrupp huet eng Bestandsopnahm gemaacht vun bestehenden Demanden a punkto Plaz, an huet eng Wonschlëscht opgestallt wat gebraucht gëtt, fir datt de Site liewt:

  • Vizerei, Lager & multifunktionneller Epicerie (Kooperativ Vun der Atert)
  • Tiny Houses fir de Concierge & Geméisgäertner
  • Dortoir & 2 „Hotelszëmmeren“ logement insolite
  • Bar-Container
  • Sanitaire-Container
  • Eventscheier fir Open Air Kino, Konzert, Yoga, Public Viewing,Feieren, ...
  • Bannenhaff
  • Unzuel Container déi flexibel asetzbar sinn fir Büro, Cabinet, Atelier, Buttek, Stockage, ...

Et gëtt u verschidde Finanzéierméiglechkeeten geschafft, iwwert de Wee vun der einfacher Locatioun bis hin zu Investmentméiglechkeeten, wéi zum Beispill der Biergerbedeelegung (Crowdfunding). Gläichzäiteg gëtt elo och den Opruff un Interessente gemaacht, déi sech hei nidderloossen an/oder bedeelege wëllen. Op Basis vun den Demanden, déi vum Aarbechtsgrupp analyséiert a validéiert ginn, gëtt da Schrëtt fir Schrëtt nogerëscht.
De ganze Site wäert och seng eegen Energie produzéieren a verbrauchen, a kann jee no Demande flexibel vergréissert ginn.

Info op eiser Facebook Säit Recup3oder op www.ekodaul.lu