Projet Umbrella - Eng solidaresch Conserverie - Vun der Atert

07/12/2018

D’Kooperativ Vun der Atert setzt Projeten ëm ronderëm eng onofhängeg, fair & transparent Liewensmëttelversuergung an der Regioun Atert-Wark, an ass och drëm beméiht fir doduerch nei Aarbechtsplazen ze schafen. Dobäi spillt d’Vernetzung vun existenten an aktiven Akteuren aus eiser Regioun eng wichteg Roll, déi direkt oder indirekt zum Erfolleg bäidroë kënnen, sief et als Client, Fournisseur oder béides.

D’Iddi vun enger solidarescher Conserverie ass an d’Liewe geruff gi mam Zil eist Uebst a Geméis integral verschaffen ze kënnen, an och eis Clienten iwwert d’Wanterméint mat héichwäerteger Qualitéit duerch Amaachglieser beliwweren ze kënnen.

Moossnahmen:

  • Visitt vun enger existenter kommunaler Conserverie an der Gemeng Ungersheim (F)
  • Etüd vum Marché
  • Businessplang
  • Finanzéierungsméiglechkeete sichen / Subsiden / Crowdfunding
  • Ëmsetzung

Projektpartner:

  • Op der Schock
  • OsCare
  • Youth & Work

Eis Ziler op länger Zäit betruecht:

  • Regional Aarbechtsplaze schafe fir Mënschen ouni Ausbildung oder mat geeschteger oder kierperlecher Behënnerung- Beschäftegungsméiglechkeeten ubidden fir auslännesch Matmënschen ouni Statut
  • Déngschtleeschtung ubidden, déi dem Verbëtzen entgéintwierkt an de lokale Konsum fërdert, esou wéi och Mënschen zesummebréngt
  • Nei Produkter mat Op der Schock entwéckelen, fir d’Palette z’erweideren an d’Conserverie optimal auszelaaschten

Innovationswäert:

D’solidaresch Conserverie Vun der Atert soll e Virbild ginn, wéi een d’lokal Ekonomie optimal vernetzt, dékarboniséiert a nei erfënnt, ouni awer de mënschlechen Aspekt derbäi aus den An ze verléieren. Et soll e weidert Puzzelstéck sinn an der Autonomie Alimentaire, e Projet deen eis Gemeinschaft zesummenhält, ze-summeschweesst a versuergt.

 

Vun der Atert s.c.
6, Jos Seylerstrooss
L-8522 Biekerech
T +352 671 23 62 43
vunderatert@gmail.com
www.vunderatert.lu