Zefridden Teenager? Check! Mega Summer am Treff zu Réiden

07/09/2018

Grenziwwerschreidende LEADER-Projet ARTour: Réckbléck Summervakanz ... Am Treff wor et nees mega flott.

D’Educateure waren erëm ganz kreativ an hunn hir Teens matgerappt ...

Kreativ an der Bretagne

Den éischten Highlight wor eis Auslandsrees am Kader vum Leader Projet ARTOUR. Am Ufank vun der Vakanz sinn 10 vun eise Jonker am Kader vun dësem transnationalen Austausch an d’Bretagne bei hir franséisch, finnesch & däitsch Kollege gefuer. Am ganze wore 50 Jugendlecher wärend enger Woch mat ënnerschiddleche Workshops beschäftegt, dat an de Beräicher Musek, Video, Danz, Konscht a Foto mat als Thema „d’Landliewen“, respektiv wéi déi Jonk d’Landliewe gesinn an interpretéieren. Dës intensiv a kreativ Woch ënnert de „Gläichgesënnten“ huet d’Phantasie an d’Kommunikatioun ugespornt, esou wéi och déi verschidde Charaktere vun de Jonken z’erkenne ginn, wou eenzeg an eleng dat Positiivt zréckbehale gouf.

Kreativ zu Réiden

Den 2. Highlight an der Summervakanz wor eng weider Aktivitéit am Kader vum Leader Projet ARTOUR. Fir eng 2. Kéier ass am Jugendtreff zu Réiden eng Woch ugebuede ginn, fir nei Jugendlecher fir den Artour Programm ze rekrutéieren a fir déi verschidde Konschtformen ze begeeschteren. Och dat wor e riisegen Erfolleg. Et wore vill nei Gesiichter aus eise Gemengen derbäi, déi sech konnte kenneléieren an austauschen. Nit manner ewéi 30 super motivéiert Jongen a Meedercher hunn zesumme geschafft a villes zum Thema Landliewen an der regionaler Kultur duergestallt iwwert de Wee vu Graffiti, Konscht, Musek, Foto, Danz an Theater.

Erfollegserliewnisser erliewen! Deene jonke Leit bréngt et vill, wann sie selwer un engem groussen Erfolleg bedeelegt sinn. D’Fäegkeeten an d’Qualitéite vun all eenzele goufen ënnerstëtzt a goufen an der Praxis ëmgesat. D’Kreatioun war zu all Moment an all de Workshops präsent an hunn déi Jonk an de Mëttelpunkt gestallt.

Maacht mat, Dir gitt interviewt!

No de ganzen Emotioune vum Artour geet de Jugendtreff mat senger Ekipp e Schratt weider. Se maachen sech op den Tour duerch d’Gemenge fir d’Bierger ze interviewen!!! D’Zil ass et déi Reportagen ze verschaffen an online ze setzen: e Podcast. Mir gi gefrot, wéi mir eis hei um Land wuelspieren, wéi mir eis fillen. D’Endresultat soll erëmgi wéi d’Liewen hei an eisen Dierfer ass.

Regional Marche Gourmande!

Am selwechte Geescht gëtt an de kommende Méint un enger „Marche Gourmande“ geplangt, fir de Matbierger op lokal Produkter a Produzenten opmierksam zemaachen. Des Marche Gourmande wäert an enger waarmer a feierlecher Atmosphär stattfannen. Et wäert een Treffpunkt si vir all Bedeelegten! De geneeën Termin gi Dir mat Zäite gewuer.

 

Réidener Jugendtreff
1, rue de Niederpallen L-8510 Redange 
T +352 23 62 05 09  F +352 23 62 09 85