HOLA GRINGGO! Mir stellen eis (vir)!

07/09/2018

Gringgo s.c. Bewosst handelen am Westen!

De „Branding“ gouf net vun eiser Regierung an der Stad erfonnt. Schonn am Wëlle Westen hunn d’Cowboyen hir Ranner duerch „Branding“ markéiert. Logesch, dass de Lëtzebuerger „Wëlle Westen“ elo och säi Branding kritt: Gringgo s.c soll eis Regioun an hir Acteuren dobäi ënnerstëtzen!

De Réidener Kanton huet sech mat sengem onermiddleche Pionéiergeescht een Numm gemaach als eng nohalteg, vereinfacht gesot, „gring“ Regioun. Vun där Stäerkt gëllt et ze profitéieren a vereent zu eise Gonschten ze vermaarten. Gringgo wëll alle Client’en a Visiteuren aus dem ganze Land an aus der Groussregioun folgende Message an de Kapp brennen:

„Dat nohalteg Angebot fannt Dir am Westen!“

Wéi de Slogan „Bewosst handelen am Westen!“ et undeit, geet et bei der Kooperativ Gringgo ëm dat nohaltegt & fairt Handelen (Geschäfter, Servicer, Tourismus, Kultur) am Réidener Kanton. Si besteet aus engem nei g grënnte Netzwierk u sozialen an/oder ëmweltbewosste Betriber, Déngschtleeschtungen an (Kultur-) Veräiner, esou wéi och aus engagéierte Verbraucher.

Mir nennen eis ganz keck Gringgoen, wéinst eisem Doheem „dem Wëlle Westen“. Eist Leitmotiv: Go fir Gring! Mir leeën eis Zäit, Energie & Budget zesumme fir a punkto Wirtschaft vum Trab an de Galopp ze kommen.

Op der Sich no Iech!

Mir sichen engagéiert Betriber, Servicer a Veräiner aus eiser Regioun mat eng- em sozialen/ëmweltbewossten Angebot (Handel, Service, Handwierk, Restauratioun, Kultureventer, Tourismus,...), déi eisem Netzwierk bäitrieden, sief et als Participant, dee vun de Gringgo Déngschtleeschtunge profitéiere kann oder als Kooperateur, dee mat enger oder méi Parten an d’Kooperativ investéiert.

Wat kascht et a wat kréien ech?

Kooperateur:

D’Fongen, déi iwwer d’Parte gesammelt ginn, dat sinn aktuell 24.400 €, erlabe geplangte Gringgo Déngschtleeschtungenan d’Realitéit ëmzesetzen. Eng Part kascht 400 €/Beki a kann iwwerwisen oder a Beki bezuelt ginn.
Wëll de Kooperateur vun de Gringgo Déngschtleeschtunge profitéiert, kritt en eng Remise vu 15% op alle Packages, muss awer dann déi selwecht Kritären erfëllen ewéi de Participant.

Participant:

All Participant, dee vum Gringgo Ange-bot (Mediapackages, individuell Marketing Servicer, ...) profitéiere wëll, muss:

  • De Sëtz an der Regioun Atert-Wark(Kanton Réiden, Gemeng Mäerzeg) hunn„Gringgo Fit“ sinn a mindestens 2 Stären erreechen;
  • „Gringgo Fit“ ass eng vun eis ausgeschafften Evaluatioun, déi är Aktivitéit(en) analyséiert a mat Gringgo Stäre priméiert. Wat Dir der méi hutt, wat Dir méi Gringgo sidd. Stäre kritt een z.B. wann een erneierbar Energie benotzt, Mënsche mat Behënnerung beschäftegt, Beki hëlt, fair gehandelt an ëmweltfrëndlechProduiten verkeeft.

De WWW an de Wëlle Westen!

Den Internet kann eng grouss Chance fir ländlech Regioune sinn. Betriber musse sech net an de Ballungszenteren uside-len, fir um Weltgeschehen deelzehuelen. Anerersäits steet duerch den Internet awer all Regioun an direkter Konkurrenz zu all anerer Regioun vun dëser Welt. Do heescht et also opfalen an duerch e schlaue Regionalmarketing ee klore Mes-sage un d’Leit senden.

An et heescht, net fäerten, net aknécke virun der Konkurrenz vun Amazon a Co, mä anescht positionéieren fir matze-halen! Net onbedéngt besser sinn, mä de Courage hunn nei Weeër ze goen an anescht ze sinn! Ebe Gringgo sinn.

Ee W ass de Lasso!

www.gringgo.lu gëtt an deenen nächste Méint realiséiert a geet an enger professioneller Opmaachung spéitstens den 1. Januar 2019 online.

Et gëtt drem fir mat eisem Lasso Clienten innerhalb an ausserhalb vun eiser Regioun iwwer d’Netz an de Westen ze zéien. Cibléiert gi Verbraucher & Betriber, déi Wäert op ëmweltfrëndlech a fair Produkter & Déngschtleeschtunge leeën.

Ee W ass d’Werbung

Et geet drëms d’Efforten ze bündelen: Amplaz dass all Betrib oder Organisatioun eenzel d’Clienten op säin nohaltegt Angebot opmierksam mécht, sollen d’Clienten sech just nach mussen den Numm „Gringgo“ als Label vum Wëlle Westen verhalen. A vun do aus ginn si da bei déi verschidde Betriber an Orga- nisatioune weidergeleet.

Ausserdeem hu jo déi mannste Betriber ausschliisslech „gring“ Offeren, sou dass et fir si net vill Sënn géif maachen, hir Kommunikatioun op Nohaltegkeet ze fokusséieren. Via Gringgo kënnen hir „gring“ Offeren dann trotzdeem als solches geziilt vermaart ginn an déi entspriechend Zilgrupp uschwätzen, sief dat via www.gringgo.lu, Social Media oder d’Press.

Ee W ass „Well ech keng Zäit hunn“

Eng kontinuéierlech & professionell Präsens an de Social Medias, Press, Foiren an aner geziilte Veranstaltungen ass wichteg, awer wien huet schonn Zäit an och de néidege Budget?

Duerch d’Ausschaffe vu geziilte Gringgo Déngschtleeschtungen wëlle mir dat iwwerhuelen an eis ALL esou méi effektiv um Marché présentéieren.

Gringgo Fit Beispill

  • Dir verkaaft een oder méi fair gehandelt/ ëmweltfrëndlech Produiten
  • Dir geréiert äre Betrib ëmweltbewosst  (Ekolabel, Superdreckskëscht ...)
  • Dir verbraucht erneierbar Energien (Stroum, Biogas, Reewaasser ...)
  • Dir beschäftegt Mënsche mat enger Behënnerung
  • Dir schafft mat anere regionale Betriber zesummen
  • Dir huelt Beki

6 Stären! Yeeehaaa!

Dir gitt Sheriff vu Gringgo

Dës Bestandsopnam*, déi vun eisem Mataarbechter bei Iech duerchgefouert gëtt, erlaabt et fir äre Betrib oder Aktivitéit „sur place“ ze gesinn an Iech kennenzeléieren. Nëmmen esou kënne mir Iech -, de neie Gringgo, och richteg an éierlech dobausse vermaarten, resp. all seng Méi an Engagement an d’Vitrinn stellen. Et erlaabt eis och fir Iech besser ze beroden, wéi Dir mat méi oder manner Opwand mat nach méi Stären ausgezeechent kënnt ginn. Dëse Bewäertungssystem soll permanent zesumme mat eise Memberen adaptéiert a verbessert ginn.

Einfach, kloer an transparent fir de Client

Dës Stäre ginn deene Clienten, deenen ee Konsum am Respekt vun eiser Ëmwelt an eise Matmënsche wichteg ass - an därer ginn et der ëmmer méi - eng einfach an iwwersiichtlech Orientéierung. An zwar net nëmmen, ob ee Produkt ethesch korrekt ass, mä och ob ee Betrib sech Méi gëtt, ethesch korrekt ze handelen.

Well, fir et emol plastesch ze soen, een Handwierksbetrib dee jo wuel kee Bio-Fairtrade Kaffi a sengem Angebot huet, dofir awer grénge Stroum notzt, seng Mataarbechter korrekt behandelt, ...bref, säi Bäitrag zu enger besserer Welt leescht: dat ass fir vill Clienten awer wichteg ze wëssen.

An amplaz datt de Konsument seng Zäit dermat verbréngt, sämtlech Inhaltsstoffer vun engem Produkt ze studéieren, d’Labelen ze recherchéieren, asw, gesäit hie ganz einfach: Ok, 5 Stären – dohinner gi mir akafen!