ABOBOX - Fleesch vun der Atert

16/08/2018

D’solidaresch Abobox mat Fleesch aus dem Réidener Kanton.

An der Kooperativ Vun der Atert schaffe mir mat eise Baueren aus der Regioun. Mir kennen hire Betrib, mir kennen de Bauer/in. Mir wäertschätzen déi propper a naturno Aarbecht, hir Produkter an d’Manéier, wéi mam Déier ëmgaange gëtt. Zerschnidden, verpaakt (sous-vide) an etiquetéiert gëtt d’Fleesch vun eisem regionale Metzlermeeschter Mathieu vu Réiden, wou Dir är Aboboxe kënnt ofhuelen. Mir starten am Hierscht 2018 mat 5 Baue-ren, a freeën eis iwwert all Neizougang. Proposéiert ginn 3 verschidden Zorten Abo-boxen & Pouleten, déi Dir 4x am Joer kréie kënnt, dat zu bestëmmten Deeg, déi Dir matgedeelt kritt. D’Perioden vun der Distributioun:

  • 8. Dezember
  •  2. 16. Mäerz
  •  3. 8. Juni
  • 4. 21. September

Firwat solidaresch Abobox?

Eise Client geet mam Bauer e solidarescht Engagement an ...> fir de Risiko mat him ze deelen, andeems hien seng Abobox am viraus bezillt. > fir d’Iddi vun der solidarischer Landwirtschaft z’ënnerstëtzen (Charta „Vun der Atert”). > fir een gudden Zweck, andeems een seng Abobox spend, wann een verhënnert ass (Cent Buttek Réiden, Foyer Felix Schroeder, ...).

Um Vertrag fëllt Dir aus:

> wéi eng Abobox Dir wëllt,> wéi vill Aboboxen Dir wëllt,> wéi eng Period/en Iech interesséieren,> a vu wéi engem Bauer Dir d’Fleesch huelt.

Wuel schléisst Dir de Vertrag mam Bauer ärer Wiel of, d’Kooperativ Vun der Atert ass ewer ären Uspriechpartner an iwwerhëlt déi organisatoresch an administrativ Aarbecht.

Wéi kréien ech meng Abobox?

Um Site vun der Atert kënnt Dir Iech e Vertrag eroflueden, aus-fëllen an zréckschécken. Mir huelen da Kontakt mat Iech op.

www.vunderatert.lu