ARTour Summerprogramm: Schreif dech elo an!

14/05/2018

Nom erfollegräiche Startschoss d’läscht Joer bei eis am Land um Misärshaff, plangt de Réidener Jugendtreff déi nächst Artour Aktivitéiten (transnationale Leader-Projet) fir d’Summerméint. Déi Jugendlecher, déi schonn „am Coup waren“, wëssen et, a freeën sech.

Vum 16. bis den 22 Juli geet et an d’Bretagne!!! An do trëfft een sech endlech nees mat de neie Frënn aus Frankräich, Finnland an Däitschland, mat deenen een de leschte Summer eng genial Zäit verbruecht huet, an zesummen um Thema „Liewen am ländleche Raum“ geschafft, a sech Erfarungen ausgetosch huet: „Wéi kréie mer e neie Wand op d’Land? Wéi liewen en erliewen d’Jugendlecher hir Zäit, ewech vun der big City? Wat ass mega? Wat ass miess?“

D’Plaze fir d’Bretagne si begrenzt, awer keng Panik: Och ausserhalb vun der Rees stinn eng Jett Artour Aktivitéiten um Summerprogramm, vum 30. Juli bis den 3. August vun 10h-17h, mat um Schluss engem grousse BBQ bis 19h!

Hei e klenge Virgeschmaach: Video, Theater, Musek, Graffiti, Konscht, Marionetten, Kreatiounen, Animatiounen, Danz, Spiller ... Iwwerzeegt? Virwëtzeg? Ma da kroopt är Kollegen an informéiert Iech sou séier wéi méiglech beim Jugendtreff a schreift Iech an.

Bis geschwënn, mir freeën eis op Dech!

Réidener Jugendtreff
Maison de Jeunes de Redange
1, rue de Niederpallen
L-8510 Redange
T +352 23 62 05 09
F +352 23 62 09 85
martine@mjredange.lu
maite@mjredange.lu