Neit Konzept 2018 YOUTH2SING POP / ROCK / MUSICAL / BEATBOX

14/03/2018

No deenen 2 Stagen pop4teens a musical4teens, hunn d’Organisateuren sech fir 2018 en neit Konzept ausgeduecht. En intensive Workshop fir all jonk an talentéiert Sänger am Beräich vu Pop, Rock, Musical, …, an awer och fir Beatboxer oder déi et gäre ginn (16-30 Joer).

Vum 23.-26. Mee hu si d’Méiglechkeet mat international renomméierte Coachen ze schaffen.

D’Susanna Keye (D) ass net nëmmen eng talentéiert an erfollegräich Sängerin, mee och eng Coach mat jorelaanger Erfahrung. Si ënnerriicht d’Complete Vocal Technique, genausou wéi den Andy Loor, dien dës Gesangstechnik, déi sech speziell gutt fir moderne Gesang eegent, an der Musekschoul vum Kanton Réiden ënnerriicht.

www.susanna-keye.de

Mam Indra Tedjasukmana (D) hu mir ee vun de weltwäit beschte Beatboxer a Coache fir Popgruppen op Besuch. Jidderee kritt een Abléck an d’Konscht vum Beatboxing. Den Indra bidd awer och Eenzelstonnen un, fir all déi déi Loscht hunn dat bëssen ze verdéiwen. Ausserdeem huet jiddereen d’Chance am Popchouer vum Indra gecoacht ze ginn. Hei fléissen och nach Elementer wéi Mikrotechnik oder Bühnepräsenz eran. Dobäi kënnt een och a Kontakt mam Genre „contemporary a cappella“, die jidderee vu „Pitch Perfect“ oder „Pentatonix“ kennt.

www.indra-beatbox.com

Spéitstens beim Optrëtt vun der Vocal Band „crush?!“, den Owend vum 25. Mee, kritt de Public d’Chance dës nei a beléifte Form vun der vokaler Popmusek kennenzeléieren. Besonnesch spannend gëtt de Beatboxer-battle, tëscht hirem Beatboxer, dem Gabriel Rodrigues an dem Indra Tedjasukmana.


E weidere Programmpunkt ass d’Kierpera Bühnenaarbecht mat der Theaterpädagogin Amandine Moutier (LU). Bei enger klenger Ofschlosspräsentatioun, de 26. Mee, weist dann nach eemol jidderee wat en an deene 4 Deeg geléiert huet.

Inhalt vum Workshop

  • Eenzelcoursë fir Solo gesang oderBeatboxing (au choix)
  • Popchouer
  • Aféierung an de  Beatboxing(fir jiddereen)
  • Méiglechkeet fir zousätzlech individuell Coursen am Beatboxing
  • Kierper- a Bühnenaarbecht
  • Virtrag iwwer d’Geschicht  vunder „A Cappella-Popmusek“
  • Concert vun der Vocal Band „crush?!“
  • Ofschlosspräsentatioun

Dir sidd interesséiert?

Aschreiwungen & weider Infos fannt Dir op: www.emcr.lu
Musikschoul
Kanton Réiden
T +352 23 62 08 76
info@emcr.lu
Präis vum Stage: 120 €