ClimeEEC, zesumme méi Staark fir d'Ëmwelt

14/03/2018

De ClimEEC ass een Netzwierk vu Betriber aus dem Kanton Réiden, déi zesumme schaffe fir méi ëmweltfrëndlech Projet’en ze realiséieren. Et sinn dat haaptsächlech Betriber aus dem Bauberäich, an et dréint sech vill ëm ökologescht Bauen. Zanter dem Ufank als LEADER-Projet am Joer 2011 ass scho vill geschitt an d’Memberen hunn sech duerch innovativ Projet’en ëmmer méi intensiv mat ëmweltfrëndleche Baumaterialien an Energiekonzepter ausernee gesat, sech doran forméiert a spezialiséiert.

Am Neibauberäich geet d’Pannoplie vun de méiglechen Aarbechte beim Passivbau als Massiv- oder Liichtbauweis aus Holz, der Isolatioun vum Daach mat Zellulose an Holzfaserdämmplacke bis zu der Isolatioun vun der Buedemdalle mat Glasschaumstäng.

Nieft enger héijer energetescher Qualitéit ass de ClimEEC-Betriber besonnesch wichteg, dass fir d’Notzer een héije Wunnkomfort realiséiert gëtt. Duerfir gëtt zB de Bannebotz ëmmer méi dacks mat Lehm- oder Kallekbotz gemaach. Doduerch stellt sech ee gutt Wunnklima an, wou sech d’Loftfiichtegkeet automatesch reegelt an et weder ze fiicht nach ze dréche Loft astellt.

All modernt Gebai brauch Technik fir et ze hëtzen a mat Stroum ze versuergen. De ClimEEC versicht déi modernsten Technik anzesetzen, allerdéngs nëmmen sou vill wéi onbedéngt néideg. De Client soll méi spéit wa méiglech näischt vun der Technik matkréien an nitt dran ënnergoen. D’Gebaier ginn duerfir zB mat intelligente Schalter a Raumreegelung ausgerëscht.

Innovativ ass och d’Energieversuergungskonzept, wat ClimEEC-Betriber mëttlerweil bei 3 Reienhaiser an 3 Residencë realiséiert hunn. Dës Haiser si mat geothermescher Wärmepompel ausgerëscht a produzéieren den néidege Stroum fir Haushalt, Hëtzen a Waarmwaasser bis zu 75% op der Plaz mat Hëllef vun enger eegener Photovoltaikanlag. Dëst ass doduerch méiglech, well eng Batterie a méi ee grousse Waarmwaasserspäicher dee produzéierte Solarstroum kënne späicheren.

Wichteg bei all de Projet’en ass, dass de Client bei sengen Entscheedungen esou berot gëtt, dass e kann tëschent der klassescher an der ëmweltfrëndlecher Variant ofweien an déi richteg Decisioun huelen. Op Basis vun individuellen Offere pro Handwierksbetrib kann de perséinleche Budget opgestallt ginn.

Réckbléckend kann ee soen, dass esou Initiativen wéi de ClimEEC nitt kënnten ëmgesat ginn, wann d’Ufanksphase nitt géif vum LEADER ënnerstëtzt ginn. Duerfir hu sech déi Responsabel mat hirem President, Marco Reiser, als permanente Vertrieder, och am aktuelle LEADER-Programm, engagéiert. Si hunn fir dës LEADER-Period een neie Projet eragereecht an deen och zeréckbehale ginn ass: Den Opbau vun enger nohalteger Vermaartungsplattform fir d’Regioun an hir Acteuren (méi Info op www.gringgo.lu).

ClimEEC a.s.b.l.
6, Jos Seylerstrooss
L-8522 Beckerich
T+352 26 88 18 55
info@climeec.lu
www.climeec.lu