Aktuell Iddien vum LEADER Aarbechtsgrupp SOLOWA zum Thema Solidaresch Landwirtschaft Atert-Wark

09/11/2017

Am Kader vum Leader Projet ”Solawa - Solidaresch Landwirtschaft Atert-Wark“ gëtt zanter leschte Februar fläisseg un engem Konzept vun enger solidarescher Landwirtschaft fir d’Regioun Atert-Wark geschafft. Bei desem Prinzip engagéiert sech de Konsument engem Produzent iwwert engt Joer seng Produiten zu engem faire Präis, deem dem Wert entsprécht, ofzehuelen. An dene leschten 10 Méint ass vill lassgetrëppelt ginn.

Ufank Abrëll wor en Ausfluch an d’Ausland, wou een sech verschidde Betriber ukucke wor, déi all nom Model vun der solidarescher Landwirtschaft fonktionnéieren. Wat interessant wor: nitt all Model wor d’selwecht. Deemno haten d’Konsumenten an d’Produzenten (22 Participanten) aus dem Aarbechtsgrupp Solawa genuch Gespréichsstoff an den uschléissende Réuniounen fir si all z’analyséieren a fir sech un dene beschten Elementer z’inspiréieren. Bis Dato huet een sech 5 Mol getraff. Verschidden Themen hun sech erausgeschielt:

  • Direktvermaartung Geméiss, Fleesch, etc: Wéi soll et genee fonktionnéieren, legal Basis.
  • GEMÉISKUERF GAARTÀ- VOUS: Kollaboratioun tëscht verschidde Produzenten.
  • FLEESCHABONNEMENT ME ATBOX: 14 Këschte / Joer mat Fleesch vu verschidden Häff aus der Regioun.
  • MOBILT SCHLUECHTHAUS: As dat hei am Land méiglech?

Geméiskuerf Gaart-à-vous

Praktesch zum selwechten Zäitpunkt wéi déi éischt Réunioun vum Aarbechtsgrupp ”SOLAWA“ oofgehale gouf, huet d’Kooperativ ”Vun der Atert“ schon hir éischt ”Testsaison“ mam Geméiskuerf gestart, dat nom Modell vun der solidarescher Landwirtschaft. Dat huet et erlaabt, fir scho gläichzäiteg mam  Aarbechtsgrupp  Solawa  Erfarungen auszetauschen. Dat heescht  dat  d’Kooperateuren,  d’Bekannten an d‘Frënn ”Vun der Atert“ gefrot gi sinn, fir Abonnent vum Geméiskuerf ze ginn. Si sollte nitt de Geméiskuerf bezuelen, mä am Virfeld eng PARTicipatioun vun de laafende Käschten.

Als Géigeleeschtung gouf et 1x d’Woch Geméis, an zwar hiren Undeel.

Um Niveau vun der Kollaboratioun ass och scho geschafft ginn: et gouf een Undeel Geméis aus dem Biekerecher Geméisgaart vum Thessy Klein, Eeër & Mëllech vum Hemmerhaff, Hunneg & Drëpp vum Romain Kugener vu Wahl esou wéi och dem Charel vun Osper säin Ueleg a selwergemeeten Hielännersirup.

Première zu Lëtzebuerg: Nitt wat kascht et mä wat kannst du bezuelen?

Den 6.11 wor d’Informatiounsver - sammlung fir déi éischt richteg Clienten u Bord ze huelen fir d’Saison 2018. Objektiv: Duebel souvill Kierf produzéieren an zesumme mat de Cliente kucken wien wat dofir bezuele kéint. Eng Première zu Lëtzebuerg. De Sall an der Biekerecher Millen wor voll an den Effektiv vu 60 Clienten ass erreecht ginn.

Meatbox

Vu dat eng ganz Reih Fleeschproduzenten am Aarbechtsgrupp Solawa aktiv matschaffen, ass et logesch dat et och en Abonnement fir ee Fleeschkuerf - oder Meatbox – an der neechster Saison gi wäert. Dat ass, ähnlech wéi beim Geméiskuerf, eng Këscht, déi max. 4 Mol am Joer ze kréien ass mat Fleesch vu verschidde Betriber aus eiser Regioun. Och hei sollt de Client sech op e Joer engagéieren, am Virfeld bezuelen, firdat de Produzent senger Produktioun sécher ass. Nom Schluechten géif d’Fleesch dann vum Réidener Metzler veraerbecht ginn an da kéint een et dann och do oofhuelen. Am direkten Austausch mam Service vétérinaire gouf gekuckt ënnert wéi enger Form esou eng Direktvermaartung vu Fleesch méiglech wier. Op der Infoversammlung Gaart-à-Vous ass dann och schon den éischten Opruff gemaacht ginn fir e Gefill fir d’Demande ze kréien. En ähnlechen Exercice ass schon am Virfeld vun der Kooperative Vun der Atert getest ginn. Gemeinschaftlech ass e Béischt beim Patrick François zu Hueschtert  kaaft  ginn.  De  Metzler  Mathieu vu Réiden huet et e Portiounen verdeelt an agepaakt. Uschléissend sinn d’Kooperateuren hiere Pak dohi siche gaangen.  Verrechent  gouf  iwwert  d’Kooperativ, déi huet dem Bauer d’Béischt bezuelt, an dem Metzler d’Schluechten & d’Verschneiden. En Exercice dee wonnerbar geklappt hat. D’Qualitéit wor mega! An d’Cliente wore frou ze wëssen wou d’Béischt hierkoum, an dat de Bauer e faire Präiss fir seng Aerbecht krut.

Mobilt Schluechthaus

Eng artgerecht Déierenhaltung a méiglechst stressfräit Schluechten vum Déier sinn Themen déi ëmmer méi Konsumente wichteg sinn an dofir och an enger solidarescher Landwirtschaft am Fokus stinn. Hei ass de Konsument idealerweis ganz no un der Produktioun drun. Aus deem Grond huet sech d’Kooperativ vun der Atert dem Thema mobilt Schluechthaus ugeholl. Heizou gouf et mëttlerweil och schon eng guttbesichten Informatiounsversammlung, de 25. September an der Biekerecher Millen. Konsumenten a Produzenten haten d’Gelegenheet, e Virtrag vum Inge Schult nozelauschteren, wat sech scho méi laang mat dem Thema ausernee gesat huet, aus Léift zu den Déieren. Als Konsumentin huet hat sech mam Fonktionnement vun de Schluechthaiser ausernee gesat, esou wéi och mam Weedeschoss. No engem Treffen mam Häer Herbert Schwaiger aus Eisträich, Entwéckler vun engem patentéierten mobile Schluechthaus, si Steng an d’Rulle komm. Déi legal Basis fir Lëtzebuerg ass mëttlerweil gekläert an aktuell gëtt, zesumme mat der Kooperativ Vun der Atert, un enger Machtbarkeetsstudie geschafft. Donieft ass och eng Kollaboration mam Pôle de coopération transfrontalier ”Ecotransfaire“ zustaane komm, fir eng grenziwwerschreidend  Zesummenaarbecht an der Groussregioun unzegoen. Duerch d’Kooperativ Vun der Atert ginn dann d’Informatiounen un den Aarbechtsgrupp Solawa virugeleed.

Froen zur Organisatiounsform a legaler Basis vun der solidarescher Landwirtschaft Atert Wark konnt den Aarbechtsgrupp an Zesummenaarbecht mat der Landwirtschaftskammer a mam SER ugoen a klären. Sou dat de Modell elo op feste Féiss steet an 2018 esou richteg starte kann. E Modell fir d’Zukunft – och an anere Regiounen?

 

VUN DER ATERT S.C.
6, Jos Seylerstrooss
L-8522 Beckerich

T +352 671 23 62 43
vunderatert@gmail.com
www.vunderatert.lu