Youth2sing Chouergesank Reloaded am Réidener Kanton!

29/11/2016

A ville Veräiner héiert een oft déi selwecht Klo: Et feelt u Nowuess. Dat gëllt och fir d‘Chéier a Kierchechéier an eisen Dierfer. Wat bleift dann am Réidener Kanton un Alternative fir déi, déi interesséiert wiere fir ze sangen? Gëtt et iwwerhaapt eng Chouerszene bei eis, déi sech drëm beméit fir genee déi Zilgrupp unzelackelen? Ouni den éischten obligatoresche Passage duerch de Solfège? Derbäi kënnt och nach de Fakt, dat hautzedaags gäre béid Eltere schaffen, deemno hir Kanner d’Fräizäit an de Crèchen oder an de Maisons Relais verbréngen. Dat mécht d’Saach nitt méi einfach. Awer nitt onméiglech.

A wann een hei am Kanton géif nei Weeër aschloen, eng Grondlag schafen, wou Kanner a Jugendlecher sech begéinen, fir zesummen ze sangen, an zwar déi Lidder déi se selwer och gären héieren a kee programméierte Repertoire, dee se nitt interesséiert? Mat där Viraussetzung hunn sech verschidde Käpp zesummegestreckt fir no Léisungen ze sichen. Doraus ass eng begeeschtert Zesummenaarbecht entstanen tëscht dem Pius Verband (Albert Brauch), der Ineec Lëtzebuerg (Camille Kerger/Andy Loor), der Réidener Museksschoul (Ulric Berg), dem Réidener Lycée (Daniel Balthasar), an de Réidener Jugendtreff (Steve Watry) esou wéi och mat de Maisons Relais aus de verschiddene Gemengen. Esou ass dann och e Leader-Projet doraus entstanen, déi elo Enn Oktober vum Comité ugeholl gouf, deemno: Sing it out loud!

Zilgruppen 

  • Pop4Kids – Vun der Spillschoul bis bei d’Grondschoul 
  • Pop4Teens – Teenager vu 14 Joer un 
  • Musicals4Teens – Teenager vu 16 Joer un 

Zil 

An engem Zäitraum vun 3 Joer soll iwwert de Wee vun enger ugepasster an interessanter Programmgestaltung, esou wéi och duerch d’Interventioun vu professionelle Kënschtler, eisen Nowuess nohalteg fir d’Sangen am Chouer begeeschtert ginn. 

Pop4Kids 

Elo scho proposéiert d’Réidener Museksschoul musikalesch Aféierungen an de Maisons Relais’en fir Loscht op de Gesang ze machen. Déi nächst Etappe ass d’Zesummeféierung vun de Kanner, déi schon do matgemaacht hunn. Eng spezialiséiert Léierin leed während der dräijäreger Lafzäit vum Projet 5 mol 1 Workshop zu jee 12 wëchentleche Prouweenheete vu jeeweils enger Stonn. Hiert Ziel ass mat de Kanner e Repertoire op d’Been ze stellen an der Hoffnung dat d’Kanner och duerno weidermaachen a sech eventuell an engem Veräin aschreiwen. 

Pop4Teens 

Duerch d’Zesummenaarbecht vum Réidener Lycée an dem Réidener Jugendtreff, gëtt et dem Teenager vu 14 Joer un erméiglecht, u 5 Workshop’en vu jeeweils 12 wëchentleche Prouwenenheete vun 1½ Stonn deelzehuelen. Och déi verdeelen sech op den 3 Joere vum Projet an erlaben éischt Erfahrunge mam moderne Chouergesang. Well gewosst ass, dat grad deen Alter spronghaft ass, muss de Jugendlechen sech nitt fir all Workshop engagéieren a kann sech een eraussichen oder awer och bei alle matmaachen. Gecoacht a musikalesch begleet vu professionelle Kënschtler, gi se aktiv, als Sänger, mat där Musek konfrontéiert, déi se passiv, als Fan, lauschteren. Och hei ass et d‘Zil fir e regionale Jugendchouer zu forméieren, dee motivéiert fir herno op Veräinsbasis virun ze fueren. 

Musicals4Teens 

Hei gi jugendlech Sänger vu 16 Joer un ugesprach, déi sech fir de Sologesang interesséieren an d’Musical-Repertoiren ausprobéiere wëllen. Proposéiert gëtt en intensive Musicalworkshop vu 4 Deeg, dat 1 mol d’Joer während 3 Joeren. Mat Professionellen aus dem Beräich (Stimmbildner, Gesangslehrer, Dramaturgen, Choreographen) kréien se en individuelle Kur am Sologesang a Schauspill, esou wéi och Gruppenunterrecht a Musekdramatik, Danz an Ensemblegesang. Donieft kréien se e Virtrag an e méi déiwen Abléck an d’Geschicht vum Musical. D’Zilsetzung vun dësem Workshop ass et fir besonnesch talentéiert Sänger, Schauspiller an d’Dänzer z’entdecken an hinnen eng adequat Fërderung zoukommen ze loossen.

Youth2sing = Pop4Kids + Pop4Teens + Musicals4Teens 

Um Enn vun de 5 resp. 3 Workshope vun de jeeweilege Projeten ass e groussen Ofschlossconcert virgesinn. Hei gëllt et dann ze weisen, wat an de leschten 3 Jore geleescht ginn ass. Dat soll richteg grouss opgezu ginn, mat Orchester, Liicht-, an Tountechnik. Eng Tëschebilanz nom éischte Joer erlaabt eventuell noutwendeg Upassungen. Donieft sollen an der Zäit och eis Gesangsveräiner matagebonne ginn. Dat erlaabt hinnen de Projet vu no z’observéieren a sech matanzebréngen.

Vernetzung 

Mir hu mam Projet Youth2Sing eng Vernetzung op 2, wann nitt esouguer 3 Niveauen: Initial entsteet e Netzwierk tëschent der regionaler Museksschoul, de Schoulen an de Betreiungsariichtungen. Dat versprécht d’Entstoe vun attraktive Synergieeffekter, wann ee bedenkt, dat des Ariichtungen a verschidden Aufgabeberäicher sech eng gemeinsam Clientèle deelt. Mat desem Leader-Projet vernetzen sech och d’Inecc, de Pius Verband, d’Réidener Museksschoul, de Réidener Lycée, de Réidener Jugendtreff, d’Chéier an d’Veräiner aus der Regioun – eng Erfahrung déi et erlaabt Erkenntnisser ze kréie fir gemeinsam nei Generatioune fir sech ze gewannen. Zu gudder Läscht vernetzen sech d’Kanner an d’Jugendlecher erëm nei. Zesumme sangen heescht och sech nei kennen-, a schätze léieren. A wann ee weess, an dat ass neurologesch bewisen, dat sange glécklech, schlau a gesond mécht, kann d’Participatioun nëmme vu Virdeel sinn.


Dir sidd interesséiert? 

  • Pop4Kids: Gratis 
  • Pop4Teens: 50 € pro Workshop 
  • Musicals4Teens: 120 € pro Workshop 

Meld Iech beim Ineec: T +352 26 43 04 81 oder an der Museksschoul vum Réidener Kanton: T +352 23 62 08 76


Envisagéierten Zäitraum 

Mäerz-Mee 2017 
1. Phase vum Projet Pop-Chouer

Juni 2017
Musicalworkshop 

September-Dezember 2017 
2. Phase vum Projet Pop-Chouer

Januar - Abrëll 2018 
3. Phase vum Projet Pop-Chouer

Mëtt 2018 
Musicalworkshop 

September-Dezember 2018 
4. Phase vum Projet Pop-Chouer

Januar-April 2019 
5. Phase vum Pop-Chouer

Mëtt 2019
Musicalworkshop