Kooperativ ”Vun der Atert” - Eng solidaresch Landwirtschaft fir d’Regioun Atert-Wark

15/09/2016

Den Trend vun der solidarescher Landwirtschaft mécht sech lues awer sécher och bei eis am Land bemierkbar. Den Aarbechtsgrupp vun der Kooperativ ”Vun der Atert” ass sech no engen sëlleche Versammlungen,Visitten a Konferenzen eens, dat een och an déi Richtung goe sollt. Betriber am landwirtschaftleche Secteur hunn et net einfach a sinn net nëmme vun de Wiederkonditiounen ofhängeg a vun de Subsiden mä och vun de Präisser déi vum Marché diktéiert ginn. Wéi soll een do mathalen? A virun allem, wéi kann een nach nohalteg a gesond produzéieren, d’Diversitéit vun der Landwirtschaft erhalen an eis Natur- a Kulturlandschaft fleegen?

2% vun der Mënschheet produzéiert Liewensmëttel…

An konsuméieren di mir all. D’Solidaresch Landwirtschaft ass eng partizipativ Approche déi Verantwortung iwwerhëlt an deemsen d’Existenz vun deene Mënschen ofséchert, déi an dem Secteur schaffen an esou eng nohalteg Entwécklung ënnerstëtzt. Déi produzéiert Liewensmëttel ginn och net méi iwwert de Marché verdriwwe mä fléissen anen eegene regionalen an iwwersiichtleche Wirtschaftskrees, dee vun de ”Memberen” mat organiséiert a finanzéiert gëtt. 

De Konsument iwwerhëlt Verantwortung an engagéiert sech finanziell. 

De Konsument engagéiert sech fir d’Wueren op e Joer ze kafen a bezilt se am Viraus, sief et an Tranche vun 1 Mount, 6 oder 12 Méint a kritt am Géigenzuch dofir Abléck an Afloss op d’Produktioun. 

Et bestinn och scho Modeller, wou d’Gemeinschaft vun de Konsumenten, an eisem Fall dann d’Membere vun der Kooperativ, dem Produzent e gënschtege Prêt erméiglecht, fir esou den Haff opzebauen oder ëmzestrukturéiere fir ökologesch produzéieren ze kënnen. 

Dës Zesummenaarbecht tëscht Konsument a Produzent erméiglecht eng regional gesond Ernährung, baut op Vertrauen op, fuerdert den Austausch an d’Versteesdemech fir déi alldeeglech Erausfuerderungen, déi de Produzent ze meeschteren huet. Des gemeinsam Kultur schaaft eng Wäertschätzung fir Liewensmëttel an Handwierk. An domat net genuch: D’Präisser sinn attraktiv well keng Tëschenhändler am Spill sinn an et ass een net méi ofhängeg vun de Subsiden. 

Wéi gesäit d’Konzept vun eiser solidarescher Landwirtschaft aus? 

Am Rahmen vum LEADER Atert-Wark soll d’Iddi vun enger solidarescher Landwirtschaft um Gebitt Atert-Wark ausgeschafft gin. Duerfir waert mat der Ennerstëtzung vun der Gemeng Biekerich d’Kooperativ vun der Atert ab Februar 2017 Informatiounsversammlungen organiséieren fir duerno Aarbechtsgruppen ze grënnen, zesumme mat ”Konsumenten” a ”Produzenten”. Extern Kompetenzen waerten de Prozess moderéieren an dokumentéieren. Den Aarbechtskrees geet dann och ähnlech gelagert Projeten am Ausland besichen, fir vun hiiren Erfahrungen ze léieren an duerno eist Konzept optimal op eis Verhältnisser oofgestemmt ze definéieren. 
Dir sidd och häerzlech invitéiert fir Iech op eiser Facebooksäit iwwert de Suivi vun der Kooperative ”Vun der Atert” z’informéieren. Dir kënnt awer och elo scho Member vun eiser Kooperativ ginn. Eng Part kascht 150 Beki/€ Iwwerweisung:Konto Ekodaul - RaiffeisenLU08 0099 7800 0034 4689

Mir sinn och op der Sich no Land wat sech eegent fir Kulturen unzebauen.

Fir déi di elo nit genee am Bild si wat mat der Kooperative gemengt ass, hei nach emol kuerz den Iwwerbléck: 


Eis Objektiver

  • A lokal Produktiounsprojeten investéiere fir esou zukünfteg oder établéiert Betriber z’ënnerstëtzen
  • Op regionalem Niveau nohalteg produzéieren, tauschen,vermaarten & konsuméieren
  • Fair a reell Präisser froen a bezuelen
  • Mënschen zesummebréngen, Wësse vermëttelen, Aarbechtsplaze schafen
  • Eng eege regional Marque kreéieren
  • Eng Vermaarktungsstruktur proposéieren