De Club Senior Atertdall

15/09/2016

Conventionnéiert mam Ministère fir d‘Famill, d’Integratioun an d’Groussregioun, a senge Partnergemengen Biekerech, Ell, Préizerdaul, Rammerech, Réiden/Atert, Viichten a Wal, offréiert den Club Senior Atertdall seng Dingschter seit Abrëll 2012 un d’Populatioun ab 50 vum Kanton Réiden, an awer och iwwert d’Regioun eraus. Ganz am Sënn vum LEADER, schafe mir Verbindungen zwëschen verschidden Akteuren an ënnerstëtzen regional Aktiounen.

Eis Zieler

  • Eis Aktivitéiten gin op verschidde Plazen am Réidener Kanton organiséiert an och d’Leit aus de Nopeschgemengen si wëllkomm.
  • De Club verdeelt all 3 Méint eng Broschure mat sengem kompletten Aktivitéitsprogramm
  • Mir froen keng Memberskaart. De Präis vun den Aktivitéiten get op Basis vun den reelle Käschten gerechent.
  • De Club ass keng Konkurrenz fir bestoend Veräiner fir Senioren, mée ënnerstëtzt d’Zesummenaarbecht mat den lokale Veräiner.


De Club Atertdall bidd Aktivitéiten zu 6 Haaptberäicher un

  • Geselleg Aktivitéiten
  • Sport a Beweegung
  • Kulturell Aktivitéiten
  • Verschidde Coursen
  • Aktivitéiten zur Präventioun
  • Berodung an Hëllefstellung

 

Club Senior Aterdall
1, Ellerstrooss
L-8527 Colpach-Bas
club-atertdall@croix-rouge.lu
T +352 27 55 33 70
F +352 27 55 33 71