Komm mir schwätzen net nëmmen…

12/12/2012

Et kann een dat Wuert ”Kris” scho bal net méi héieren. D’Noriichte si voll mat Rettungspäck, Staatsverscholdung, Firmebankrotten, Delokalisatiounen, Chômage, Protester,...

An da gëtt e Sënnebock gesicht. Iergendee muss dach Schold dru sinn. Mol sinn et d’Banker, dann erëm d’Politiker... a mir fanne bestëmmt nach eng Rei Sënnebéck. Haaptsaach mir schwätzen iwwert déi aner a rieden eis an, mir kéinte souwisou näischt maachen. Dat läit wuel an eiser Natur.

Komm mir maachen eppes!

Den 2. Januar kënnt de Beki. Mä kann dat eppes änneren?
 

”Et kann ee jo och mat Euro regional akafen...”


Jo, an dat ass sécher eng gutt Saach. Allerdéngs ënnerstëtzt een seng Regioun domat eng Kéier, an duerno sinn déi Sue séier fort. A bal 98% vun de weltwäite Gelder landen an der Spekulatioun.

Wann een awer mat Beki akeeft, ënnerstëtzt een seng Regioun direkt e puer Mol. Well deen, dee mat Beki bezuelt gëtt, gëtt se och nees hei aus. An deen Nächste mécht dat selwecht... Déi Sue lande sécher net op der Wall Street. D’Iddi vum Konsument, regional anzekafen, kritt domat een neie Sënn.


Spenden ouni Suen derfir auszeginn. Wéi soll dat da goen?

Ganz einfach: Wann ee mat Beki akeeft, bezillt een de selwechte Präis wéi mat Euro. Wann awer spéider d’Geschäftsleit hir Beki an Euro zrécktauschen, bezuele si ee Bäitrag vu fënnef Prozent. Zwee Prozent si fir d’a.s.b.l. ”De Kär”, déi de Beki verwalt, an dräi Prozent si fir ee gudden Zweck. Deejéinegen, deen ursprénglech seng Euro a Beki getosch hat, decidéiert, wouhin déi dräi Prozent ginn1.

 

Wéi kann ech matmaachen?

  1. Member an der a.s.b.l. ”De Kär” ginn. Entweder op www.beki.lu de Formular ausfëllen, oder eis dee Coupon hei ënnen zoukomme loossen.
  2. Mat der Memberskaart op eng vun de véier Banken2 am Kanton goen an Euroschäiner géint Bekischäiner tauschen oder vum (Euro-)Compte Courant Beki ophiewen.
  3. Bei deene Betriber3 akafen, déi matmaachen.

---------------------------

  1. Zur Wiel stinn: Autisme Luxembourg a.s.b.l., Atelier protégé ”Op der Schock” a.s.b.l., projet des élèves du Atert Lycée Réiden, a.s.b.l. ”De Kär”
  2. BCEE: Agence Réiden
    BIL: Agence Réiden
    BGL: Agence Réiden
    Raiffeisen: Agence Réiden, Noerdange, Saeul, Useldéng, Bettborn, Perlé
  3. Lëscht vun de Betriber op www.beki.lu

 

Regiogeld-Koordinator
Max Hilbert
T +352 23 62 21 847
T +352 691 888 295
info@regiogeld.lu
www.beki.lu