Kübi on tour

16/01/2007

De Forum pour l'Emploi, an Zesummenaarbecht mam LEADER+ Réiden-Wolz, stellt de Gemengen aus dëser LEADER-Regioun de mobilenHéichseelgaart "Kübi" zu Verfügung.D'Gemengen, d'Clibb an d'Schoulen kennen vun dësem mobilenHéichseelgaart fir hir Manifestatiounen profitéieren. Virdeel: Mir riichten déi Konstruktioun op der gewënschter Plaatz op!D'Käschte ginn zu 60% vum LEADER+ Réiden-Wolz gedroen,an dëst bis Hierscht 2007!

Et handelt sech em eng modular,selwerdroend Metallkonstruktioun,staatlech gepréift an déi iwwerall,och ouni Befestegungsméiglechkeeten,montéiert ka ginn.

De mobilen Héichseelgaart "Kübi" ass mëttlerweil ee festeBestanddeel vun:

  • Firmentraining a Managementberäich
  • erliéfnispädagogesche Programmen
  • Kanner- an Jugendaarbecht am therapeutesche Beräich


Kontaktpersoun:
Paul MAINZ
Responsable de projet
Tel:+352 80 48 85-41
Fax: +352 80 75 23
pmainz@fpe.lu
www.klammschoul.lu