Integratiounscoursen am Fréijoer zu Wooltz an am Hierscht zu Réiden

13/02/2006

Wëlls du wëssen, wat däin Noper seet a wéi hie lieft? Ech léiere Portugisesch an du Lëtzebuergesch. Du weis mir, wéi s du liefs an ech dir, wéi ech liewen.

Am Februar vun dësem Joer huet de LEADER mat der APL en neit Konzept vun Integratiounscoursen an d’Liewe geruff. De Projet gouf vun engem Aarbechtsgrupp mam Sandra Scheer als Coordinatrice a Vertriederin vum Sproochenhaus vu Wëlwerwolz ausgeschafft. Well eng Kultur net nëmmen aus enger Sprooch besteet, läit et op der Hand, och aner Aspekter wéi Traditiounen, Geschicht, Kichen, Danz a vill aneres mat an dës Coursen anzebannen.

Mëtt Februar huet e Grupp vun 20 Leit, 10 Portugisesch- an 10 Lëtzebuergeschsproochegen, sech fir d’éischt getraff. Zil ass, datt ee vun deem anere léiert. Sou sinn d’Atelieren ëmmer fir déi 20 Leit zesummen, mee déi klassesch Sproochecourse si fir all Grupp getrennt.

An dësen Ateliere ware mir bis elo mateneen akafen, mir hu matenee portugisesch a lëtzebuergesch gekacht a giess, a mir hu matenee gedanzt, souwuel lëtzebuergesch wéi portugisesch Dänz. Als nächst wäerte mer d’Botanik, d’Geschicht an d’Traditioune vun deem anere kenneléieren. Wann Dir awer wëllt wëssen, wéi de Participanten dës Course gefalen, da liest hir Kommentaren. De LEADER Réiden-Wooltz wëllt dësen Hierscht en neie Cours an der Regioun Réiden organiséieren, fir deen Dir Iech am Sproochenhaus zu Wëlwerwolz um Tel. 26 88 96 91 kënnt umellen.

Commentairen vun Participant'en:

Portugisesch – lëtzebuergesch Cours a wat mir am beschte gefält ass Folgendes:

  • D’Leit aus deenen zwou Communautéiten verstinn sech ënnereneen ganz gutt. Dat kënnt besonnesch bei den Atelieren zum Droen.
  • Zesummen akafe goen, ech mat engem portugiseschen Akafsziedel, a meng mexikanesch Partnerin mat mengem Lëtzebuerger Ziedel, war eng interessant Erfahrung. Ech konnt mir du vill besser virstellen, wéi schwéier et ass fir Immigranten, déi keng vun eisen 3 geleefege Sprooche schwätzen. (Ech hunn agesinn, datt d’Lëtzebuerger hinne méi mussen hëllefen.)
  • Haut hunn ech bal alles iwwer portugisesche Folklore geléiert. Ech kann elo op hir Fester danze goen.
  • An der Vakanz wëll ech mol Vokabele léieren. Boa noite!



”Eng ongewinnt Manéier fir eng Sprooch ze léieren: direkt alles am Prakteschen – Danz, Kachen, asw. Learning by doing”

”Vun Ufank u war d’Ambiance gutt ënnert deene verschiddene Participanten. Ech sinn immens frou, datt ech vun dëser Geleeënheet profitéiert hunn, well alles vill méi praktesch ofleeft (dat heescht et kënnt een och nach mat, wann een och net all Dag léiert).”

”J’ai déjà participé à d’autres cours de langue et culture luxembourgeoises, mais ce cours est complètement différent. On est ensemble avec un groupe luxembourgeois, ça nous permet d’échanger des mots en deux langues. Il y a la théorie et la pratique ensemble. On apprend en jouant. C’est plus facile de mémoriser des mots, des phrases ... On montre à l’autre, comment c’est notre pays. On s’amuse beaucoup.”

”Et ass e flotte Groupe wou jiddwereen op eng ongezwonge Manéier vun deem anere léiere kann. Et gëtt ee méi op fir déi aner Kultur, a lues a lues léiert een esouguer e bëssen hir Sprooch. Kachen, Iessen, Danzen asw. ass en einfache Wee, fir 2 Natioune mateneen ze verbannen. Mir hu vill Spaass zesummen.”

”La danse m’a plût beaucoup. Le cours est important.”

”Oui, j’aime fréquenter le cours parce que c’est très convivial, il y a un grand contact avec les luxembourgeois et on apprend toujours quelque chose et apprendre c’est toujours important.”

”Je trouve ce projet original: l’échange entre portugais et luxembourgeois, l’échange des cultures, des connaissances, des langues etc. Je trouve aussi qu’il s’agit de l’exemple de ce qu’il devrait se passer dans la vie quotidienne de tous ceux qui vivent ici, au pays, de différentes nationalités.”

Projet LEADER

  • Cours d’intégration et d’échange interculturel entre la population lusophone et luxembourgeoise.
  • Dans le but de favoriser l’intégration des résidants luxembourgeois et non-luxembourgeois il est proposé d’organiser des activités culturelles d’apprentissage en promouvant les connaissances linguistiques et favorisant les compétences interculturelles.
  • Un des problèmes qui se pose est de motiver les adultes d’apprendre une nouvelle langue et de s’intéresser aux traditions, mœurs, coutumes et habitudes d’une autre nationalité dans le but de comprendre la mentalité.
  • Des cours de langue conventionnels risquent de ne pas être assez attirant et que l’échange culturel ne se produise pas assez.
  • Ainsi le groupe propose une méthodologie qui se compose d’activité d’apprentissage de langue et d’ateliers en favorisant un contact et échange communicatifs immédiats entre les participants.

Conception des cours

  • Une séance dans laquelle le projet et les participants se présentent, va débuter le cycle.
  • Un cours de langue et initiation au premier atelier, avec des groupes séparés de lusophone et luxembourgeophone, va continuer le cycle.
  • Dans les deux premiers cours les participants vont apprendre à se présenter, à compter, à utiliser les mots nécessaires pour le premier atelier.
  • Dans les ateliers les deux groupes vont être mis ensemble et former des couples. Les couples sont toujours formés par un luxembourgeophone et un lusophone. L’usage du luxembourgeois ou du portugais dans le couple est obligatoire lors des séances d’atelier.
  • Les ateliers sont suivis de nouveau par des cours de répétition et de préparation au prochain atelier.
  • Les ateliers peuvent varier suivant la demande des participants. Les ateliers proposés dans le cours pilote sont expliqués par la suite.
  • Les ateliers favorisent un échange direct entre les participants.