Neit Joer, neit geld: De Beki ass do

08/03/2013

”eng utopie ass nëmme sou laang utopesch, bis se realitéit ass.”

Gudd annerhalleft Joer huet eng Aarbechtsgrupp an dunn de Veräin ”De Kär” um LEADER-Projet ”Regiogeld als Entwicklungsfaktor” geschafft. Wat am Ufank wéi eng Utopie geklongen huet, hu si lo Realitéit gi gelooss.

De 5. Januar war dann di offiziell Aweiung vum Beki. Mat derbäi, de Romain Schneider ë.a. Ministre de l‘Agriculture, de la Viticulture et du Développement Rural. Zoustänneg fir di national LEADER Koordinatioun ass de Landwirtschaftsministère, mä de Romain Schneider huet betount, dass hien deen Dag och a virun allem a senger Funktioun als Ministre délégué à l‘économie solidaire do wier. De Beki wier e perfekt Beispill fir ee solidarescht Wirtschaften, sou de Romain Schneider.

Beki-Koordinator
Max Hilbert
T +352 23 62 21 847
T +352 691 888 295
info@regiogeld.lu
www.beki.lu