Leschten Projetsopruff - Kultur, Klimawandel, Sozialengagement

08/09/2020

Hudd Dir flott Iddien an dese Beräicher, da ka LEADER Iech ennerstëtzen!
Reecht Aer Iddi eran a profitéiert vun bis zu 3.000 € fir se emzesetzen!

Waat wëlle mir ennerstëtzen a förderen?

Déi Lokal Aktiounsgrupp LEADER Atert-Wark wëll Aktivitéiten an Offeren am Kader vu Mini-Projet‘en förderen – esou fären si neiarteg an innovativ fir eis Regioun sinn an déi lokal Bevëlkerung, kleng Veräiner oder regional Initiativen abezéihen.

Méiglech sinn Miniprojet‘en ronderem folgend Themen:

  • Förderung vum sozialen Zesummenhalt
  • Projet‘en am Zesummenhang mat dem Klimawandel (Emwelt, Mobilitéit, eis Liewensweis am Allgemengen, ...)
  • Projet‘en fir d‘Förderung vun der kultureller Entwécklung am ländleche Raum (kulturell Offeren, Kënschtler, regional Identitéit, Bräich a kulturellt Ierwen, soziokulturell Vielfalt, interkulturell an generatiounen-iwergräifend Themen, ...).

Äer Kreativitéit an äere Mutt zur Innovatioun senn heibäi d’Trëmp.

Dësen Opruff richt sech un:

  • Verbänn, Organisatiounen a Veräiner ouni Gewënnzweck, déi hei an der Regioun (Kanton Réiden & Gemeng Mäerzeg) aktiv sinn.
  • Konsultativ Gemengekommissiounen esou wéi
  • Grondschoulen aus dem Réidener Kanton an der Gemeng Mäerzeg, Jugendgruppen.

Mir finanzéieren äre Mini-Projet UMBRELLA

D’Lokal Aktiounsgrupp Atert-Wark finanzéiert 100% vun de Projetskäschten, dat mat engem Plafong vu maximal 3.000 €. Nitt bezuelt ginn d’Stonnen vun de Fräiwëllegen, déi matmaachen.

D’Lafzäit vun esou engem Mini-Projet ass maximal 1 Joer, a gëlt vun dem Moment un, wou de Projet bewëllegt gouf.

Wichteg Terminer!

Dir kënnt ären Dossier bis den 15. Dezember 2020 anzereechen, dat un d'Adress vum LEADER-Bureau Atert-Wark. Dir kritt duerno innerhalb vun 2 Méint Bescheed gesot, op äere Mini-Projet uge-holl gouf oder nitt.

Den Umbrella-Projet “Sozialwierkstat” ass e Projet, deen nach bis 2021 leeft.

Froen?

Zéckt nitt. De LEADER-Bureau zu Réiden steet Iech zur Verfügung. Mir wënschen Iech vill Erfolleg bei Äerer Kandidatur a freeën eis op vill flott Iddien.

Mikroprojektformular
462.55 KB | pdf

Herunterladen
Projektbewertungsmatrix Mikro-Projekte
37.97 KB | pdf

Herunterladen
Regeln für Miniprojekte
167.77 KB | pdf

Herunterladen
Règles pour les micro-projets
139.4 KB | pdf

Herunterladen