Musical 4 Teens

09/09/2017

Musical 4 Teens - Hei gi jugendlech Sänger vu 16 un ugesprach, déi sech fir de Sologesang an de MusicalRepertoire interesséieren. Proposéiert gëtt en intensive Musicalworkshop vu 4 Deeg, dat an der Päischtvakanz während 3 Joer.

Mat Professionellen aus dem Beräich (Gesangslehrer, Schauspiller, Choreographen) kréien si individuell Coursen, sou wéi och Gruppecoursen. Donieft kréien si ee Virtrag an e méi déiwen Abléck an d’Geschicht vum Musical.

Déi nächst Editioun ass an der Päischtvakanz 2018 am Atert-Lycée Réiden. Weider Informatioune fannt dir ab dem Hierscht op www.inecc.lu (ënner Activités)

 

Témoignagen vum 1. Workshop Musical 4 Teens am Réidener Lycée Juni 2017

Tania G.: “Et war een super Stage mat genialer Erfahrung. Extrem leiw Proffen déi ais wierklech ganz vill bäibruecht hunn. An grad fir mech am Gesang hun ech ganz vill konnten mathuelen an ech duecht nie datt ech mat menger Rock-genre Stemm esou vill nach am Musical bereich kënn eraus huelen. Merci nachemol fir deen Flotten Stage!“

Béatrice B.: “Villmols Merci vir deen eenzegarte - gen Stage! Net nemmen hunn mir all vill baigeléiert, mee mir hunn och néi Leit kennengeléiert an mir sinn all Daag en Stéck zesummengewuess. Et seet een jo emmer ”Musik verbënnt”, an et ass genau daat waat een och bei eis gemierkt huet. Mir kruten en flotten Abléck an d’Welt vum Musical an vill hellefraich Tips vir d’Zukunft an den Beräicher vun Schauspill, Gesang an Danz. Dofir villmols Merci un all dei wonnerbar Proffen, un den Andy an un all déi dei eis des Erfahrung erméiglecht hunn!“

Sally T.: “Ech war begeeschtert vun deene 4 Deeg , fir mech hätt et kéinten ee ganze Mount sinn , wann net méi. Ech hunn immenz vill geléiert, sief et iwwer meng Stemm, meng Haltung , meng Ootmung oder och d’Liewe vun enger anerer Perspektiv ze gesinn. [...] Merci fir di fantastesch Deeg! :)“

Jean-Jacques R.: „Je pense que tant les stagiaires que les intervenants attribueront à ce stage la note ”plein succès”!

En tant que qu’intervenant (prof. de chant) lors de ce stage, j’ai été fasciné par le talent de ces jeunes, par leur soif d’apprendre, par leur enthousiasme et par les ”transformations vocales” en seulement 4 jours!

Travailler la voix, c’est toujours rencontrer l’Être dans ce qu’il a de plus personnel et de plus intime. C’est déceler ce trésor de la voix, parfois enfoui, et lui permettre de briller toujours plus. Mais c’est aussi accompagner cet Être dans son épanouisse - ment et son rayonnement propre.

 

Au-delà de l’évolution vocale de chaque stagiaire, durant ces 4 jours, j’ai été touché par la révélation des talents, par la transformation des personnalités et l’évolution artistique de chacun - que ce soit en chant, en danse ou en théâtre.

Je suis très heureux et reconnaissant d’avoir pu participer en tant qu’intervenant à ce premier ”Musical4Teens”.

Merci aux organisateurs et à tous les responsables du milieu politique et culturel qui ont permis la réa - lisation de ”Musical4Teens”.“